LRSL (Front)
Bildung – Meedercherlycée
D’ Grënnung vun engem Meedercherslycée war d’Haaptuleies vum “Verein für die Interessen der Frau” an d’Aline Mayrisch huet de Besoin fir ee Meedercherslycée an engem Communiqué de 14. Oktober 1906 follgendermoossen erkläert:
“Es gilt (...) zu bedenken, dass auch unsere Mädchen Anspruch erheben dürfen auch fein den Anforderungen der Neuzeit entsprechenden Bildung. Sie sollen nicht, wie bisher, den Frauen anderer Länder gegenüber in notorischer Inferiorität bleiben. Der Staat sowohl wie die Stadt haben die Pflicht, für die Errichtung einer höheren Lehranstalt zu sorgen, welche den Eltern aller Konfessionen ermöglicht, ihren Töchtern die Ausbildung zu allen den Frauen zugänglichen Berufen zu sichern.”
(S.86)
Bildung fir Meedercher loung dem Aline Mayrisch besonnesch um Häerzen. Si huet et als grousst Onrecht empfonnt, dass Meedercher net nëmmen den Zougang zu Universitéiten, mee och dem Beruffsliewen verspaart bleift.
Géigewand
Grënnung vun engem Meedercherslycée hat awer net nëmmen Ënnerstëtzter zu Lëtzebuerg. Géigner hunn dem Projet séier Onsittlechkeet virgeheit. Zudeem hunn si ob den onbaarmhäerzegen Konkurrenzkampf am Studium an den ausfalenden Salaire vun männlechen Akademiker geschwat. Hiert Haaptargument géint d’Realiséierung vun engem Meedercherslycée war awer déi natierlech weiblech Bestëmmung:
“La vraie vocation de la femme est le mariage, avec les devoirs qu’il impose à l’épouse et à la mère de famille” .
Doriwwer eraus huet sech den “Katholischer Frauenbund”, den ënnert dem Pfarrer Frédéric Lech gegrënnt ginn war, géint d’Realisatioun vum Meedercherslycée staark gemaach an hunn Ënnerschrëften géint den Projet gesammelt. Ausserdeem huet den Verband en Bréif un Gemengerot vun der Stat Lëtzebuerg geschriwwen, an dem den “Verein für die Interessen der Frauen” beschëllegen Meedercher eng atheistesch Erzéiung ze ginn. (S. 87f)
Och déi konservativ Press huet sech aktiv géint déi nei Schoul gestäipt an d’Elteren “gewarnt” virum neie Meedercherslycée:
“Wer vermag wohl zu glauben, daSS der Juristenstand, der Ärztestand, der höhere Lehrerinnenstand, der Apothekerstand bei uns mit Aussicht auf Erfolg von unseren Mädchen erwählt werden könne? Und erst die Verwaltungskarrieren, die so furchtbar von Kandidaten belagert sind! Heißt es nicht unerfüllbare Hoffnungen wecken, wenn man unsere jungen Mädchen zu den langwierigen und höchst anstrengenden Gymnasialstudien verleiten will? Wird ein vernünftiger Familienvater solchen Vorspiegelungen nachgeben und die Zukunft seines Kindes auf so unsicheren Sandgrund aufbauen? Kann er das bei ruhiger Überlegung?“ (S.88)